D'Pink stécht den Ament voller Energie. Nëmmen 18 Méint no deem leschten Album "Beautiful Trauma" an enger Omnipresenz um Radio kënnt elo schonn deen 8. Studioalbum eraus.

26/04/2019 CD Tipp - Pink

A wa Beautiful Trauma sech mat Momenter mat méi komplizéierte Sujete beschäftegt huet, geet et op dësem Album op d'mannst vum Sound hir méi optimistesch virun. "Hurts 2B Human" gëtt virun allem vu fette Beats gedriwwen, mä den Autocollant um Cover vum Album mat der Warnung virun den "Explicit Lyrics" versprécht schonn, datt d'Pink och op dësem Album riicht eraus bleift.

An esou brauch et beim Opener "Hustle" och just eng Minutt bis d'F-Wuert déi éischte Kéier opdaucht, an och an deem zweete Lidd "(Hey Why) Miss You Sometime" rechent si mat engem of, deen hir net ëmmer gutt gesënnt war an hiert Liewen zolitt op d'Kopp gehait huet (an och do gëtt méi ewéi eng Kéier d'F-Wuert benotzt).

No engem zimlech staarken Optakt, bei deem d'Maueren och alt wackelen wann een den Album haart lauschtert, gëtt et mat där éischter Single "Walk Me Home" schonn e bësschen méi roueg, während u véierter Plaz um Album da "My Attic" kënnt, ee Lidd dat wéi eng Ballad ufänkt, fir dann am Refrain trotzdeem nees e bësschen méi Gas ze ginn. Hei geet et ëm déi kleng Geheimnisser déi jiddwereen gär an enger grousser Këscht um Späicher vergësst.

Bei "90 Days" léisst si sech d'Stëmm e bësschen verfälschen, a virun allem an deem zweeten Deel vum Album gëtt et nees méi roueg an Nodenklech an den Texter. Awer ëmmer mat deem Power deen ee vun der Musekerin kennt. Et ginn der net vill, déi dee Spagat tëscht Uptempo Party Stëmmung a kraaftvolle Balladen esou gutt drop hunn ewéi d'Pink. An do huet sech och op dësem Album näischt geännert, och net am Duett mam Chris Stappleton, engem Lidd fir Pink Verhältnisser scho bal eng Countryballade ass.

D'Pink bleift sech mat dësem Album trei, riskéiert näischt, an entwéckelt sech awer konsequent weider mat deem, woufir si zanter dem Ufank vun hirer Carrière steet.