Ufank Abrëll hätt de Jacques Brel 90 Joer kritt, hien ass 40 Joer dout. An deem Kontext ass virun e puer Wochen och een Album erauskomm, op deem 13 verschidde Kënschtler seng Lidder nei opgeholl hunn. Als Hommage un d'Wierk vum Chansonnier.

03/05/2019 CD Tipp

Thomas Dutronc, Carla Bruni, Bernard Lavilliers, Melody Gardot an d'Marianne Faithful mat enger englescher Versioun vun Amsterdam, d'Zesummestellung vun de Kënschtler déi dem Brel een Hommage mat dësem Album maachen ass interessant, well si verschidde Generatioune vu Museker vertrieden a fir verschidde Museksgenre stinn. A si hu sech och déi bekanntst Lidder erausgesicht, och wann et schwéier ass, fir mat nëmmen 13 Lidder dem Brel säi Wierk ze spigelen.

Wann een d'Originalversiounen net ze gutt kennt, da fënnt een op dësem Album bekannt Melodien, bekannt Texter, an engem neie Klangbild. Virun allem dem Michel Jonasz seng Interpretatioun vun "Les Vieux" klengt authentesch, wat eng vun deene wéinegen Ausnamen ass. D'Zaz huet schonn d'Edith Piaf gecovert, an do ass de Choix vu "Bruxelles" och dee richtegen. An och déi englesch Versioun vun "Amsterdam" vum Marianne Faithfull ass gutt geroden, well si et och fäerdeg bréngt den Text vum Lidd ze liewen, nieft engem originellen Arrangement, dat accapella ufänkt, fir herno vun ëmmer méi Instrumenter begleet ze ginn an um Enn an ee psychedelesche Schluss ofzedriften.

Bei deene meeschte Lidder feelt awer d'Séil. Dat wat dem Brel seng Stäerkt wor: D'Texter vu senge Lidder ze liewen, an d'Gefiller déi dra stiechen iwwert säi Gesang eriwwer ze bréngen. Vill Péng, Roserei an heiansdo och Freed stiechen a senge Lidder, mä déi feelen hei dacks komplett. D'Manéier wéi de Claudio Capeo dat probéiert erëm ze ginn wierkt esou iwwerspillt, datt et scho bal eng Frechheet ass. An dem Slimane seng Versioun vun "Ne me quitte pas" ass esou glat, datt een do net méi novollzéie kann, wat de Brel mat deem Lidd ausdrécke wollt.

D'Carla Bruni huet beim Lidd "Quand on n'a que l'amour" iergendwéi Angscht viru Pausen, et geet einfach ze séier virun, an dem Gauvain Sers seng "Valse à mille temps" kënnt vum Tempo hir ni un d'Original erun, bei deem de Brel sech um Enn bal iwwerschloen huet, fir den Takt ze halen.

Alles an Allem ass "Ces gens-là" ee gutt gemengten Album mat e puer Pärelen, awer leider net genuch wéi de Jacques Brel et verdéngt hätt. Wat awer eng reng perséinlech Appreciatioun vun engem ass, deen de Brel extrem gär huet an d'Originalversioune vun deene Lidder esou am Ouer huet, datt schwéier gëtt, deem gerecht kënnen ze ginn.

Wat "Ces gens-là" awer fäerdeg bréngt ass engem Loscht ze maachen, fir sech duerno mol nees méi intensiv mam Brel ze beschäftegen. An dat ass dee beschten Hommage deen ee ka maachen.