Den CD-Tipp vun dëser Woch ass schonn e puer Méint al. E kléngt och net wéi wann et een neien Album wier, mä éischter no engem gudden alen amerikanesche Countryalbum. Dobäi entsteet déi Musek guer net wäit vun hei ewech, an den Danny Vera ass den Ament och net wäit vun hei ewech op Tour.

10/05/2019 CD-Tipp - Danny Vera

Den Danny Vera ass een Hollänner, deen den Ament eng Partie Concerten an der Belsch spillt. Hie mécht typesch Country Musek, mat Momenter mengt een esouguer den Johnny Cash ze héieren. A fir säi leschten Album, deen am Februar erauskomm ass, huet hie sech eppes Spezielles afale gelooss.

"Pressure Makes Diamonds" ass an zwee Deeler erauskomm. Deen éischten Deel schonn Enn vum leschte Joer, deen zweeten am Februar dëst Joer. Op deem éischten Deel sinn déi méi séier Stécker, an där nieft der Country Faarf och heiansdo e bësschen Blues mat duerch schléit. Op deem zweeten Deel sinn dann déi méi lues Stécker drop, Balladen, déi gréisstendeels all am typeschen Nashville Stil gehale sinn, an awer och ee Charme hunn, dee bei engem Net-Country-Fan een Nerv geroden huet.

Villäicht läit et och einfach nëmmen drun, datt dee ganzen Album esou gutt almoudesch kléngt. Mat Musek déi vun Hand gemaach gëtt, a richtegen Instrumenter. Ob dat elo Cello, Gei oder Bléiser sinn, alles wat iwwert Batterie a Gittar erausgeet dréit eppes zum Klangbild bäi, a well do konsequent op echt Instrumenter gesat ginn ass, amplaz op Samples aus dem Computer, liewen d'Lidder.

Datt den Album an zwee gedeelt ass, an et esou eng strikt Trennung tëscht méi séieren a méi rouege Stécker gëtt, huet och eppes mat der Manéier ze dinn, wéi den Danny Vera selwer Musek lauschtert. Meeschtens ass dat, wann hie mam Auto ënnerwee ass. Am Dag lauschtert hien do am Léifsten Rock mat méi engem séieren Tempo. Nuets, wann hien zum Beispill vun engem Concert heem fiert huet hien et awer léiwer roueg. An et stéiert hien näischt méi, wéi wann d'Stëmmung an där hie grad ass duerch eppes ënnerbrach gëtt, wat do net dra passt.

Dofir ass "Pressure Makes Diamonds" och op Vinyl esou gepresst ginn, datt op där éischter Säit de séieren Deel drop ass, an d'Balladen op där zweeter Säit. Op CD oder am Stream kommen d'Balladen dann einfach um Schluss.

An och wann et almoudesch kléngt, ass dësen Album eng wëllkommen Ofwiesslung an deem, wat een normalerweis all Dag ze héiere kritt. An ee gudde Beweis, datt Country net muss aus den USA kommen, mä et och Europäer gëtt, déi sech an deem Genre richteg wuel fillen, mat eegene Stécker, ouni just d'Klassiker ze coveren.