Hie brécht dem Calvin Harris seng Rekorder am Streaming, mä anescht ewéi den DJ huet hie keng Villa zu L.A. mä lieft nach ëmmer bei senger Mamm. Esou mécht deen 22. Joer jonke Museker aus Schottland de Geck wann hien op säi Succès ugeschwat gëtt.

17/05/2019 CD Tipp

Hie gleeft awer eréischt drun, wann hien grad esou vill op sengem Kont huet ewéi den Harris. Wat villäicht mat der Sortie vu sengem Debutalbum ka wouer ginn. Wat awer net heescht, datt hie sech net iwwert säi Succès am Streaming freet, well och dat scho weist, datt et vill Leit ginn, déi sech fir seng Musek interesséieren.

Säi ganz eegenen Humor weist hien och, wann hien op d'Aarbecht un deem éischten Album ugeschwat gëtt. Wärend aner Museker déi Zäit dacks als ganz spannend beschreiwen, huet hien se als éischter langweileg a virun allem stresseg beschriwwen. Zum Deel, well d'Produktioun vun engem Album nëmmen ee ganz klengen Deel vun deem kreative Prozess bei engem Museker ass, an net deen, deen hien am léifsten huet. Hie schreift gär Lidder, séngt se an dat am léifste Live, fir esou och direkt d'Reaktioun vu sengem Publikum op déi ganz emotional Lidder ze spieren.

Dee Retour huet hie beim Album natierlech net, mä d'Emotiounen an deenen 12 Lidder kommen trotzdeem bei sengen Nolauschterer un. Wien d'Carrière vum jonke Museker schonn zanter 2 Joer suivéiert (wéi seng éischt EP erauskomm ass), kennt och schonn eng Partie Lidder um Album. "Bruises", dat éischt Lidd mat deem hien op sech opmierksam gemaach huet ass grad esou drop ewéi "Grace" (aus där zweeter EP) an déi aktuell Single "Someone You Love".

Och den Titel vum Album, "Divinely Uninspired To A Hellish Extent" ënnersträicht säin Humor, setzt sech awer och op eng eescht Manéier mam kreative Prozess an dem Drock auserneen, mat deem ee Kënschtler konfrontéiert ass, virun allem, wann hien u sengem éischten Album schafft. Et ass och eng Textzeil aus engem Lidd, dat awer net um Album drop ass.

Et ass ee ganz rouegen Album, mat zum Deel ganz traurege Lidder, déi awer duerch eng grouss Dynamik an den Arrangementer an ëmmer nees d'Stëmm vum Lewis Capaldi gedroe ginn. Eng Stëmm, déi bei säin Alter passt. An där een nach eng gewëss Jugendlech Onsécherheet eraushéiert, déi awer och scho fest a staark ass, a genee weess, wat si mécht.

De Kënschtler steet eréischt um Ufank vu senger Carrière, mécht seng éischt Schrëtt am Liewe vun engem Erwuessenen. Dorëms geet et och an den Texter vun den 12 Lidder, an deenen hien iwwert seng Zäit als Teenager séngt, seng éischt Léift a wéi hien duerch deen Op an Of vun de Gefiller komm ass. Mat deenen Hannergrënn am Kapp versteet een, wou d'Emotiounen hierkommen, déi seng Musek esou dominéieren.