Deen neien Album ass eng Zort "Best Of", mat engem speziellen Twist. D'Lidder sinn nämlech all nei opgeschafft ginn, datt se méi no 2019 solle kléngen.

31/05/2019 CD TIPP

Dobäi geet de Sting iwwert méi ewéi 40 Joer Carrière a proposéiert Hits wéi ënnert anerem "Message In A Bottle", "Walking On The Moon", "Every Breath You Take", "Shape Of My Heart", "Fragile" an "Englishman In New York". Am Booklet vum Album proposéiert hien och e puer Notzien, an deenen hie mat senge Fans déi perséinlech Geschichten hannert sengen Hits erzielt.

Et ass ee Best of, dee wéi all Best of net komplett ka sinn, och wann et op der Deluxe Versioun 19 Lidder gëtt, dovu 5 Live Stécker. Aus deene Live Stécker héiert een och eraus, wou d'Iddi hierkomm ass, fir déi bekannt Stécker nei unzepaken, zum Deel nei ze arrangéieren. Wa Museker op Tour sinn, da spille si déi Lidder all Owend, a fir mat der Routine ze briechen ass et fir si eng wëllkommen Ofwiesslung déi net ëmmer esou ze spillen wéi se am Original opgeholl gi sinn. A fir d'Fans ass et spannend, fir ee bekannt Lidd zwar séier ze erkennen, dann awer op méi eng ongewinnte Rees matgeholl ze ginn.

Dat gléckt op "My Songs" awer nëmmen zu Deel. Bei deene meeschte Lidder muss ee ganz genee lauschteren, fir den Ënnerscheed ze héieren, a bei "Brand New Day" a virun allem "Every Breath You Take" freet ee sech: Firwat? Déi Lidder si minimal nei arrangéiert, mä grad "Every Breath You Take" ass esou ee Klassiker, datt déi nei Versioun do kee plus bréngt. An och d'Dance Versioun vun "If You Love Somebody Set Them Free" kléngt no engem Remix aus de spéiden 90er, wéi et deemools bestëmmt och schonn ee gouf.

Eréischt am zweeten Deel vum Album weist de Sting da wierklech, wat hien domat bezweckt huet, fir seng Lidder nei ze arrangéieren. "Message In A Bottle" fänkt mat just e puer Täkt Batterie anescht un ewéi d'Original, mä fänkt domat schonn direkt d'Opmierksamkeet vum Nolauschterer an. An och an der Mëtt gëtt et ee Passage bei deem een eraushéiert, datt deen Arrangement aus enger Live Versioun kënnt.

Den "Englishman In New York" ass och och liicht opgepeppt ginn, do héiert een och et och direkt um Rhythmus deen d'Batterie spillt, an et ass ee Passage bäigesat ginn, an deem d'Stroossegeräicher vun New York mat agebaut gi sinn. Kleng Gimmicken, déi et um Enn awer ausmaachen. Grad ewéi bei "If I Ever Lose My Faith In You", dat och nëmmen an e puer Detailer anescht ugepak ginn ass, mä doduerch e bësschen méi frësch kléngt.

Ee Lidd aus dem Sting senger impressionanter Sammlung un Hits feelt bei dëser Approche awer wierklech: "Russians"! Et wier interessant gewiescht wann de Sting dat Lidd, dat esou fest an den 1980er verankert ass, aktualiséiert hätt. An hei net nëmmen an den Arrangementer, mä am Text. Wann amplaz vum Mister Reagan de Mister Trump an amplaz vum Mister Brejnew ee Mister Putin géif virkommen. Déi Geleeënheet huet hien awer leider net genotzt.

Um Enn stellt sech d'Fro: Wat deen Album wierklech néideg? Et ass ee flotte Mix aus bekannte Stécker, déi een net ze vill aus senger Gewunnecht erausrappen, mä déi nei Versiounen bréngen et ni fäerdeg aus dem Schied vun den Originalversiounen eraus ze kommen. Wien also nach kee "Best of" vum Sting huet, kann un dësem Album gefale fannen. Mä ee richtege Plus ass et net.