Fir säin 8. Studioalbum huet den Jamie Cullum sech 5 Joer Zäit gelooss. Dofir proposéiert hien elo 10 Pärelen, déi zäitlos sinn. Mol mat Power, dacks ganz roueg. Awer ëmmer vun der Perséinlechkeet vum Museker gepräägt.

07/06/2019 Musek-Tipp - Jamie Cullum

Déi verschidden Aflëss vu Funk iwwert Soul bis an den Jazz huet hien op dësem Album drop, ouni sech awer just an eng Richtung ze verrennen. Dat läit villäicht och dorun, datt hien déi éischt Iddi fir deen Album komplett verworf huet, an nach eemol ganz nei ugefaangen huet. Fir sech virun allem op seng Stäerkten als Songwriter ze konzentréieren. Mat Lidder, an deenen hien dat erzielt, wat hien déi lescht Joren erlieft huet, wat hien ausmécht.

Dat fänkt direkt mam Titelsong vum Album un, deen och den Opener vum Album ass. "Taller" ass eng Uspillung u seng Gréisst, an datt hie mat enger Fra bestuet ass, déi méi grouss ass ewéi hien. Dofir ass dat Lidd och eng Libeserklärung u seng Fra, awer net a Form vun enger schnulzege Ballade.

Dat zweet Lidd, "Life Is Grey" kënnt vum Titel a vum Tempo hier éischter pessimistesch dohier. Dat Lidd lieft awer duerch säi minimalistescht Arrangement, a virun allem duerch dat, wat hien an de Pausen net seet. D'Spigelbild dovun ass dat lescht Lidd um Album "Endings Are Beginnings", dat grad esou roueg an onspektakulär dohier kënnt, mä grad dowéinst déi ganz Opmierksamkeet iwwert dem Lauschteren op sech zitt.

Net nëmmen d'Arrangementer, mä och déi verschidde Richtungen an déi den Album trotz nëmmen 10 Lidder geet, an d'Spill wéi hie seng Stëmm asetzt sinn d'Stäerkt vun "Taller". Mat um Enn enger ganz positiver an trotzdeem éierlecher Approche, an där fir hien d'Liewen net ëmmer genial ass, awer och net ëmmer pechschwaarz. D'Liewe spillt tëscht deenen zwee Extremer, an dat bréngt hien um Album a ville Lidder richteg gutt eriwwer.