D'Fréijoersbotz an der Gemeng Hesper op muer Samschdeg, den 13. Mäerz ass wéinst de schlechte Wiederprevisiounen ofgesot an op de 27. Mäerz verluecht. Weider Informatiounen um Internet-site vun der Gemeng Hesper.

Aus demselwechte Grond ass och d'80's Party déi muer an der Péitenger Carena sollt sinn, leider ofgesot. D'Leit déi hir Entréesbilljéeën mat der Kreditkaart kaaft hunn, kréien d'Suen automatesch zeréck. Fir weider Informatiounen kann een sech un info@atelier.lu wennen.