D'Virstellunge vu "Schnéiwäiss Männer" am TNL sinn op den nächste Weekend verréckelt! 

Den Théatre National du Luxembourg deelt mat, dass d'Virstellunge vun "Schnéiwäiss Männer" déi fir dëse Weekend um 1ten an 2ten Oktober geplangt waren, wéinst Krankheet leider musse verréckelt ginn. Déi nei Rendez-vousen sinn de Samschdeg 8ten Oktober um 20h00 an e Sonndeg 9ten Oktober um 17h00. Déi Leit déi hir Billjéeën scho kaf hunn, kënnen dës op eng vun den anere Virstellungen ëmbuchen, oder hier Suen erëmkréien. 
Weider Informatiounen ginn et um Telefon 26 44 12 70-22 oder per Mail op info@tnl.lu