Mythesch Stroossen, indesch Kichen, amerikanesche Kino, Kabarö a Sportmedizin

Ëmmer samschdes vun 10 bis 12 Auer eng nei Ronn, mat Kachen, Kino, Auto, villen Invitéen an aktuellen Themen.
Panamericana, Seidestrooss, Route 66 - e Samschdeg ware mer op mythesche Stroossen ënnerwee, hunn donieft och déi indesch Kichen geschmaacht, déi net nëmme "spicy" ass, hunn eis ëm d'Boboe vun de Fussballspiller gekëmmert, hunn den Ensembel a Programm KabarÖ virgestallt, wéi och de Film vun der Woch "Can you ever forgive me?".
Ausserdeem hu mer op d'Berlinale eriwwer geschalt an hunn no vir gekuckt op de Rosamunde-Pilcher-Film mam Tommy Schlesser.
D'Weekend-Ronn um Samschdeg de Moien ... all Samschdeg tëscht 10 an 12 Auer op Radio Lëtzebuerg an am Video-Stream op RTL.lu, wou et duerno och de Replay gëtt.