Ëmmer samschdes vun 10 bis 12 Auer eng nei Ronn, mat Kachen, Kino, Auto, villen Invitéen an aktuellen Themen.

2020 ass un ... an déi éischt Virsätz si vergiess, mir hu probéiert Iech awer weider fit a relax ze halen.

Och déi nächst Vakanz gouf geplangt. Mir hu schonn emol gekuckt wou ee kéint higoen.

Wien ass Favorit op en Oscar? Dës Damm bestëmmt: "Judy" mam Renee Zellweger an eisem Film vun der Woch.

Den Jazz-Musker Pol Belardi koum mat zwee neien CDen. Beim Ensemble Tri2Pattes ass "Keen Doheem" an de Kach huet alles proposéiert, wat mat Bluttorangen oder Clementine méiglech ass.

Dat war eng säfteg Emissioun...

Weekend-Ronn nach emol lauschteren

D'Weekend-Ronn um Samschdeg de Moien ... all Samschdeg tëscht 10 an 12 Auer op Radio Lëtzebuerg an am Video-Stream op RTL.lu, wou et duerno och de Replay gëtt.