Gëschter ass den Eric Debossere a Pensioun gaangen. No 35 Joer huet hien seng Receptioun verlooss wou en d'Visitekärtchen vun eisem Haus war an d'Leit begréisst huet. Eng 500 bis 600 Leit all Dag huet hien frëndlech a ganz roueg an der RTL City empfaang. Den Eric huet eisen Invitéen d'Angscht geholl, war ëmmer interesséiert, a Leit déi ze spéit koumen, well alt nees Stau war, e gutt Wuert ginn. Am Laf vun de Joren huet hien allméiglech Gesiichter gesinn. Och vill bekannter.

30/11/2019 Äddi Eric Debossere

Mat him geet och e Stéck RTL. Mir all wënschen eng schéin Pensioun, an e Méindeg kënn der hien dann och am Magazine op der Tëlee gesinn.