Hien ass e villsäitegen Museker, a mat verschiddenen Instrumenter kënneg: Piano, Perkussioun, Gitarr. No Klassik a Rock, huet e sech dunn awer mat Bass-Gitarr an Jazz ugefrënnt a sech ausbilde gelooss. Haut spillt de Pol Belardi an a mat verschiddenen Bands, zu Lëtzebuerg an am Ausland. An den nächsten zwou Wochen si gläich 2 CD-Releasen bei deenen de Pol Belardi derbäi ass: Tele-Port! an Pol Belardi's Force.

18/01/2020 Pol Belardi