d'Lola Valerius huet zu Wien Architektur studéiert ier et eng 360 Grad Kéier geholl huet, a sech op déi méi séiss Saachen am Liewen gestierzt huet. Elo ass d'Lola en Ass am baken, an dat Talent wëll et elo mat eis deelen.

28/03/2020 Brownies vum Lola Valerius

200 g Schokla
100 g Botter
  50 g Nossuelech
150 g Zocker
2 Eeër
150 g Miel
Salz
1 TL Bakpolver
100 g Nëss

De Schäffchen op 180°C hëtzen
D’Nëss 10-15 Minutten am Bakuewen réischteren.
Schneid de Schockela a Botter a kleng Stécker a schmëlzt en iwwert engem bain marie oder an der Mikrowell.
Oppassen dass de Schockela a Botter net verbrennen! Glat réieren an den
Uelech derbäi mëschen

An enger zweeter Schossel d’Eeër zesumme mam Zocker schaumeg schloen an da mat der éischter Mëschung
verbannen.

Miel, Bakpolver a Salz ënnerhiewen bis en homogenen Deeg entsteet.
D’Nëss graff schneiden an ënnermëschen.
An eng Form schëdden a 25 Minutte bei 180°C baken.
Wann de Brownie ofgekillt ass en bëssi Schockela schmëlzen an op der Uewerfläch vum Brownie verdeelen, elo ka mat allem méiglechen dekoréiert ginn, ech hunn mech fir Pistaschen, Popcorn, Hieselnëss, Dekopärelen a Blummen entscheet.
Gudden Appetit!

Gudden Appetit!
Lola Valerius
instagram.com/lolavalerius