Eng Woch ass et hier dass mer dem Anne van Wetteren eng gutt Rees gewënscht hunn. Déi sympathesch Fra déi zu Hamburg lieft, hat sech an de Kapp gesat d'Grenzen ze duerchbriechen oder villméi z'iwwerfléien an d'Corona-Zäit ze dokumentéieren. Dofir hat se sech eng Zort Marathon erausgewielt. Déi méi wéi 800km vun Hamburg op Uewerpallen mam Velo ze meeschteren.

An d'Anne huet d'Streck sou gutt wéi hannert sech bruecht. Gëschter Owend krute mir eng virlescht radiophonesch Postkaart.

Anne (1) 2t lescht Etapp

Chaotesch hat dësen Challenge ugefang, ouni grousse Plang. Direkt aus Hamburg eraus e puer mol verfuer, awer d'Anne huet d'Strooss gehal.

Anne (2) eriwwer

All déi Deeg huet d'Sonn dem Anne gelaacht, an och wann haut d'Wieder ëmgeschloen ass, an éischter gro Wolleken um Himmel hänken wäert d'Freed awer iwwerwannen wann d'Anne de Mëtteg zu Waasserbëlleg iwwer d'Grenz fiert déi endlech nees op ass.

Anne (3) iwwer d'Grenz

Bleift nach der iwwerzeegter Europäerin hire gréisste Wonsch, e Rendez-vous mam Ausseminister Jean Asselborn.