Virun e puer Deeg ass eng Biographie erauskomm, bei där ee scho beim Titel direkt weess, ëm wien et geet: "Merde alors!" De berüümten Aussproch vum Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn vis-à-vis vum deemolegen italieneschen Innenminister Matteo Salvini 2018 zu Wien ass ronderëm d'Welt gaangen. Déi éisterräichesch Journalistin Margaretha Kopeinig, déi och schonn eng Biographie" iwwer de Jean-Claude Juncker geschriwwen huet, huet sech an de leschte Méint intensiv mam Jean Asselborn beschäftegt. De Moie gëtt si eis vu Wien aus Explicatiounen an de Jean Asselborn ass Invité an der Weekend-Ronn.

04/07/2020 "Merde alors" Jean Asselborn - eine politische Biographie

"Merde alors - Jean Asselborn - eine Biographie" ass beim Czernin-Verlag erauskomm.

D'Buch gëtt en Donneschdeg 9. Juli den 09.07 vun hallwer 6 un an der Galerie am Akaafzenter Cloche d'Or  virgestallt.