Haut ass den amerikaneschen Independence-Day. 1776 ass um 4. Juli d'Onofhängegkeet vun den USA proklaméiert ginn. Wat bedeit dësen Dag an Amerika a wéi gëtt en normalerweis gefeiert? A wat bedeit dëse Feierdag engem Amerikaner, deen zënter laange Jore schonn zu Lëtzebuerg lieft. De Ralph McClelland ass duerch de Basket op Lëtzebuerg komm, huet an den 1970er Jore beim T71 Diddeleng gespillt an ass dono heibliwwen.

04/07/2020 Indepemndance Day 4th July