Den Tim Jenkin ass e wäissen Anti-Appartheid-Aktivist, deen dofir a Südafrika an de Prisong muss. Zesumme mat sengem Frënd Stephen Lee schafft e vun Ufank un drun fir auszebriechen an dat mat enger verréckter Iddi. Hie baut Schlësselen aus Holz no. De Film "Escape from Pretoria" baséiert op der Biographie vum Tim Jenkin. De britesche Regisseur Francis Annan huet e mam Daniel Ratcliff an der Haaptroll an Australie gedréint. De Loïc Tanson stellt e vir a geet awer och op de Film "Jumbo" an, eng Lëtzebuerger Co-Produktioun bei där et ëm "Objektophilie" geet.

04/07/2020 "Escape from Prtoria mam Daniel Ratcliff