Vum 18. bis den 23. September moosse sech déi bescht europäesch Dëschtennisspiller an Dëschtennisspillerinne bei der EM zu Alicante a Spuenien. 5 Athleten an Athletinnen aus dem Grand-Duché sinn hei och am Asaz. Wat ee sech vum Ni Xia Lian, dem Sarah de Nutte, dem Danielle Konsbruck, dem Sarah Meyer an dem Luka Mladenovic erwaarde kann, verréit eis d'Lynn Kayser haut am Dëschtennis Magazin Spin.

13/09/2018 18h20 Magazin Spin

Wéi et fir d'Lëtzebuerger op der Eenzel-EM zu Alicante leeft, kënnt Dir vum 18. bis den 23. op RTL.lu suivéieren.