Vum 23. bis den 29. November war zu Houston an den USA d’Weltmeeschterschaft am Dëschtennis. Mat dobäi waren och zwou Lëtzebuergerinnen, déi an den USA ee risegen Exploit realiséiert hunn. D’Ni Xia Lian an d’Sarah de Nutte hunn am Dammen-Dubbel nämlech Bronze gewonnen. Eng Medail, mat där keen esou richteg gerechent hat. Mat dësem Exploit huet sech d’Lynn Kayser dann och an eisem Dëschtennis-Magazin befaasst.

09/12/2021 17h50 Band FLTT Magazin