Am Dëschtennis stinn dëse Weekend déi national Meeschterschaften am Eenzel an am Dubbel um Programm. Fir d'Sarah de Nutte an den Traian Ciociu geet et drëms hiren Titel ze verdeedegen. Am Spin vun haut kucken den Erny Decker an de Jeff Kettenmeyer wei hir Chance stinn, a wien am Krees vun de Favoritten ass.

12/02/2015 18h20 Magazin Spin

Dir kennt natierlech live an der Coque dobäi sinn, a wann net, gitt der hei op RTL vun e Sonndeg Mëtteg un um Lafende gehalen.