An der ieweschter Divisioun am Lëtzebuerger Dëschtennis ass d'Saison mam Barragematch tëscht Hueschtert-Folscht an Käerjeng ofgeschloss ginn, wou et jo dat bessert Enn fir d'Equipe aus dem Nordwesten gouf. Zu Suzhou an China war Enn Abrëll dann och d'Weltmeeschterschaft wou d'Ni Xia Lian, d'Sarah de Nutte an den Eric Glod, vum spillereschen hir, sech méi wéi anstänneg aus der Affär gezunn hunn. Den Dëschtennis-Magazin Spin vun haut mat Jang Mathes an Franky Hippert:

14/05/2015 18h20 Dëschtennis Magazin Spin

3 Lëtzebuerger waren a China am Asaz, an den sportlechen Direkter Martin Ostermann kann mat hirem Optrëtt méi wéi liewen:

cut

D'Ni Xia Lian hat et bis an den zweeten Tour vum Haapttableau gepackt:

cut

D'Sarah de Nutte hat et am éischten Tour mat där beschter Defensivspillerin op der Welt, dem Yang Wu aus China, Nummer 7 op der Welt ze di krit:

cut

Den Eric Gold, deen eenzegen Lëtzebuerger Här op der WM, hat ee Match an de Poulen gewonn:

cut
D'Ni Xia Lian huet mat hiren 51 Joer, nach ee grousst Zil, an dat ass 2016  op den Olympeschen Summerspiller zu Rio dobäi ze sinn:

ciut

Ma och d'Sarah de Nutte ass fir Rio2016 an der Course:

cut

Den Eric Gold huet nach Potential no uewen, esou den sportlechen Direkter vun der FLTT Martin Ostermann:

Jingel

Déi lescht Decisioun op héchstem Niveau am Equipechampionnat hei am Land war  am Barragematch tëscht Hueschtert-Folscht aus der BDO TT League an Käerjeng aus der Nationale 2 gefall.

Um Enn huet sech d'Equipe aus dem Nordwesten an der Relegatioun, déi nom Modus „Best of three“ gespillt gouf, an zwou Partien duerchgesat, eng Kéier 5-4 an eng Kéier 5-1, den Joel Decker vun Hueschtert-Folscht:

cut

Hueschtert-Folscht bleift fir déi nächst Saison awer och mat de Féiss um Buedem.

Cut

Jingel

Bei de Luxembourg Open an der Coque hat d'Sarah de Nutte sech als bescht FLTT-Spillerin als 17. klasséiert, d'Tessy Gonderinger gouf 19.t
D'Russin Valentina Sabitova stoung ganz uewen um Podium.

Bei den Hären war den Eric Glod als 45.ten, Beschte Lëtzebuerger.
Hei gouf et eng Schlussvictoire vum Iraner Noshad Alamiyan.