No zwee Joer Paus ass et haut erëm esouwäit. Déi nächst Editioun vun de Spiller vun de klenge Länner gëtt den Owend um 9 Auer mat enger feierlecher Zeremonie zu Budva a Montenegro lancéiert. Scho fir d'18 Kéier gëtt dëst Sportsevenement organiséiert, ma wéi gesäit et eigentlech mam Stellewäert vun de Spiller vun de klenge Länner aus an zanter wéini ass Montenegro een Deel dovunner? Aus Montenegro d'Lynn Kayser an de Serge Olmo mat Äntwerten op dës Froen.

De Stellewäert vun de Spiller vun de klenge Länner

An den Owend um 9 Auer ass et dann esouwäit. Déi 18. Spiller vun de klenge Länner a Montenegro gi mat enger feierlecher Erëffnungszeremonie lancéiert.

Um Radio, op der Tëlee an op RTL.lu si mir déi ganz Woch iwwer live fir Iech mat dobäi an do verpasst dir näischt.