An eisem Magazin Spin kucke mir haut schonns no vir op de Weekend. Do ginn an der Coque nämlech d’Landesmeeschterschaften am Dëschtennis gespillt. D’lescht Joer konnt sech bei den Hären de Christian Kill vum DT Lénger duerchsetzen, bei den Damme war op en Neits kee Kraut géint d’Sarah de Nutte gewuess. De Yannick Zuidberg huet am Virfeld mat béiden Titelverdeedeger geschwat.

13/02/2020 Magazine Spin 18h15 - zuidberg