Zanter gëschter sinn nees eng Partie Sportaarten hei am Land zougänglech an erlaabt, dorënner och Tennis.
Nieft strenge Mesuren stécht awer och Freed iwwert Decisioun eraus, Jeff Kettenmeyer.

12/05/2020 18h20 Tennis Terrainen nees op

De President vun der Lëtzebuerger Tennisfederatioun de Claude Lamberty ass deck zefridden an erliichtert datt nees Sport am allgemengen mä an dësem Fall den Tennis erlaabt ass.

Et ass jo esou datt de Staat wuel Sportsterrainen kann zoumaachen mä se net selwer nees kann opmaachen mä just d'Autorisatioun ginn.

Déi lescht Decisioun leit dann bei de Gemengen, de Claude Lamberty.

CUT

"Ech hunn och schonns héieren datt ganz vill Veräinsresponsabeler de Kontakt mat de Buergermeeschteren an de Schëffe-Reit gesicht hunn.

Et ass jo och esou datt déi Konzepter déi d'Federatiounen ausgeschafft hunn datt déi zougänglech wäerte ginn.

Mir als Tennisfederatioun hunn dat Konzept direkt ëffentlech gemaach, et fënnt een et um Site an op de soziale Medien."

Et ginn natierlech elo strikt Mesuren ënnert deene muss an dierf gespillt ginn.

CUT

"Et ass méiglech mat engem Trainer an zwee Spiller op engem Terrain kennen ze spillen.

Wa keen Trainer dobäi ass dann just Simpel an der éischter Phase, ausser wann een Dubbel spillt dann just zu 2 déi an engem Haushalt wunnen.

D'Reegel ass awer datt et soll beim Simpel bléiwen.

D'Bäll solle markéiert sinn, entweder verschidde Marken, oder d'Bäll faarflech kennzeechnen."

Déi éischt Reaktiounen waren iwwert de Weekend enorm positiv an virun allem huet een och eng Erliichterung gespuert, sou den FLT President.

CUT

"Wann ech déi vill Feedbacken an Telefonen déi ech iwwert déi lescht Stonne krut ass et fir alleréischt eng grouss Freed datt nees ee Stéck Normalitéit an d'Sportliewen erëm kennt an natierlech spiert een och eraus datt déi Responsabilitéit déi elo jiddereen deen Tennis ka spillen goen kritt, datt d'Leit sech dees bewosst sinn, well mir wëlle jo onbedéngt eng zweet Well verhënneren."

Déi komplett Lescht mat de Sportaarten déi nees erlaabt sinn fann dir iwweregens op rtl.lu