Speziell Zäiten erfuerdere speziell Moossnamen. Am Sprint vun haut huet d'Jana Peters mam Stephanie Empain, der Presidentin vun der Lëtzebuerger Liichtathletikfederatioun geschwat. Och si als Presidentin steet den Ament virun enger Partie néier Erausfuerderungen.

21.05.2020 Sprint 18h15

Zanter Mëtt Mäerz steet d'ganzt Welt am Stëllstand, natierlech och am Sport. Et probéiert een awer sou séier wéi méiglech an eng gewëssen Normalitéit zréck ze fannen sou d'Stephanie Empain Präsidentin vun der FLA. 

An dëser Situatioun ass et immens wichteg de Kontakt mat den Athleten ze behalen, wat awer net ëmmer sou einfach war. Den Ament schafft d'Federatioun drun en neien Kalenner op d'Been ze stellen, an verschidde Coursen wa méiglech no ze huelen.

Fir den neien Kalenner z'organiséieren muss een natierlech Prioritéiten setzen.  Vum COSL kruten d'Federatioune kloer Oplage presentéiert, déi een elo muss ëmsetzen. D' Stephanie Empain ass do awer ganz zouversiichtlech.

D' Infrastrukturen fir ze trainéieren sinn ab dëser Woch erëm op, an do ass d' Stéphanie Empain immens frou, datt de Sport esou gutt vun den Gemengen an dem Staat ënnerstëtzt gëtt.