De leschte Samschdeg hätt sollen den Nuetsmarathon an der Stad sinn. Wéinst der Corona Pandemie ass awer och dëse grousse RDV ausgefall an op 2021 verluecht. Et goufen allerdéngs och gutt Nouvellen, Jeff Kettenmeyer.

26/05/2020 18h20 Nuetsmarathon an Sponsor

Den Organisateur vum Nuetsmarathon Erich Francois konnt sech op mannst driwwer freeë datt den Sponsorskontrakt mat der ING bis 2025 verlängert gouf an dat an den aktuellen Zäiten net ganz selbstverständlech ass.

Wat den Ëmgang mat de Startplazen vun dësem Joer op dat nächst respektiv Remboursementer ugeet ginn et Ënnerscheeder.

De Nuetsmarathon gehéiert zu den gréissten Events am Land, den Ausfall vun dëser Editioun deet op ville Plaze wéi, sou den Erich Francois. Fir eng virtuell Course ze starten ass awer net a Fro komm.

Den neien Datum fir 2021 steet och schonns fest. Depart ass Samschdes den 15. Mee.