Et ass eng Premiere fir eng Lëtzebuerger Futsal-Equipe. Et ass déi éischte Kéier datt eng Equipe aus dem Grand-Duché an der 16. Final vun der UEFA-Futsal Champions League steet. Den FC Déifferdeng 03 spillt muer den Owend um 7 Auer an der Tschechescher Republik bei Chrudim. D'Formatioun aus der Cité du fer ass net ganz ouni Ambitiounen bei den Tschecheschen Champion gereest, Franky Hippert:

15/01/2021 17h50 FCD03 CL-Futsal

An am Tour virdrun haten sech dei Déifferdenger jo kloer géint den englesche Champion Helvecia London duerchgesat. D'Partie zu Chrudim an der Tschechescher Republik gëtt muer den Owend  um 7 Auer ugepaff. Sou kuerz virun 9, dierft een dann wëssen ob et fir de Lëtzebuerger Vertrieder duergaangen ass oder net.