Et war eng flott Aventure! Ënnert dem Stréch ass den Dram vum Lëtzebuerger Champion am Futsal, fir an d'8.tels Final vun der Champions League ze kommen awer net an Erfëllung gaangen. Den FC Déifferdeng 03 huet sech an der 16.tels Final beim tschechesche Champion Chrudim mat 0-4 misse geschloe ginn. Bei de Responsabele vum FCD03 bereit een awer net, an de leschte Wochen esou vill Sacrifice gemaach ze hunn, Franky Hippert:

18/01/2021 17h50 Futsal et sollt net sinn

Lo am Februar geet et dann am Prinzip, esou wéi fir déi meescht Sportaarten an den ieweschten Divisiounen, och fir déi Déifferdenger am nationale Futsal-Championnat, no der Covid-Paus, weider.