De Lëtzebuerger Futtballnationalspiller Tim Hall hat keen einfacht Joer 2020. Karpaty Lwiw, säi Veräin an der Ukrain hat et an den éischte 6 Méint vum Joer net méi esou genee geholl mam bezuelen vun der Paie. Am Summer ass et fir den 23 Joer alen Zentralverteideger bei Gil Vincente an déi iewescht Divisioun a Portugal gaangen. Positiv Coronatester hunn den Hall ëmmer nees gebremst, sou datt hien ni richteg seng Chance krut. An der Wanterpaus elo koum de Wiessel bei Wisla Krakau, an do soll déi jonk Kärriär dann och relancéiert ginn, Franky Hippert:

19/01/2021 17h50 Tim Hall bei Wisla Krakau

No 14 Spilldeeg steet Wisla Krakau awer aktuell just op der 12.ter Plaz ënner 16 Equipen. D'Reprise vum Championnat a Polen ass Ufank Februar.