De Basketclub T71 Diddeleng gëtt 50 Joer al. Dat ass natierlech e Grond fir ze feieren. Duerfir steet den nächste Weekend vum 17. an 18. September zu Diddeleng och eng „Birthday Gala“ um Programm. Virgestallt ginn hei eng passend Broschür an e Film, déi 50 Joer T71 dokumentéieren. De President vum Organisatiounscomité, de Conny Theobald huet dem Guy Seyler en Abléck an dat déckt Buch ginn.

10/09/2021 50 Joer T71 laang versioun