Den 3. Oktober ass et erëm esou wäit. Dann ass erëm Walfer Vollekslaf. Et ass fir d‘45. Kéier, wou sech all passionéiert Leefer zu Walfer Rendez-vous ginn, ob lizenzéiert oder net. 12 km, /  5,7 km oder 1 km fir déi Kleng, fir jiddereen ass eppes der-bäi. De Moien gouf déi nei Editioun op enger Pressekonferenz virgestallt. De Guy Seyler war mat derbäi.

17/09/2021 45. Walfervollekslaf