Mat engem weidere Rekord am Bommstoussen, huet de Bob Bertemes sech elo fir d'Diamond League qualifizéiert, Fabienne Zwally an Jana Peters.

15/08/2019 FLA Sprint

Bob Bertemes, dat ass en Numm laanscht deen een den Ament an der nationaler Liichtathletik net kënnt. De Sportzaldot huet dëst Joer schonn direkt e puer mol säin nationalen Rekord am Bommstoussen gebrach.

Déi leschte Kéier um Memorial Kops a Reuter zu Zéisseng. Hei huet de Bob Bertemes d'Bomm 22 Meter an 22 Zentimeter wäit gestouss.

Mat dëser Leeschtung huet de Lëtzebuerger Athlet déi 6. bescht Leeschtung vum Joer a konnt sech fir d'Diamond League den 24. August zu Paräis qualifizéieren. Lo läit de Fokus vum Bob Bertemes op der Weltmeeschterschaft.

Ee grousst Ziel ass schonn erreecht, d'Qualifikatioun fir Tokyo 2020, op laang Siicht hofft den Athlet et bis ganz uewen un d'Weltspëtzt ze packen.

De Weekend vum 10. an 11. August war a Kroatien Team Europameeschterschaft. Fir d'éischte Kéier waren d'Lëtzebuerger an der 2. Divisioun mat derbäi. Dass dëst eng ganz schwéier Kompetitioun géing ginn, däers war sech d'Marion Diehl bewosst.

Hoffnungen louchen virun allem beim Bob Bertemes, deen déi jonk Delegatioun ugefouert huet. Ma och den Athleten war bewosst, dat et géing ganz schwéier ginn, sou de Sprinter Olivier Bussong.

D'Athleten hunn hiert Bescht ginn an dobäi sinn direkt zwee nei national Rekorder gefall. Dëst am Bommstoussen bei den Dammen. D'Stephanie Krumlovsky huet hiren eegene Rekord ëm 12 Zentimeter verbessert. Déi nei national Beschtleeschtung läit elo bei 14 Meter an 58 Zentimeter.

A bei der Härestaffel iwwert 4x100Meter gouf et zwar keng Medail. Ma mat hirer Zäit konnt d' Ekipp mat Evora, Bussong, Bidaine a Grailet deen alen nationale Rekord vun virun 40 Joer ëm 1 Honnertstel verbesseren. Déi nei Beschtzäit läit elo bei 41 Sekonnen an 48 Honnertstel.

Am ganzen hunn d'Athleten sech 180 Punkten erkämpft, wat méi ass, wei se sech am Virfeld erwaart haten. Ma dëst sollt awer net duergoen fir dat nächst Joer weiderhin an der 2. Divisioun ze bleiwen.