A Frankräich ginn den 2. Februar Paangecher gebak woubäi deen éischten op e Schaf geheit gëtt. Dat ass de Fransousen hire Brauch fir Liichtmëssdag. Déi Geschicht mam Paangech a mam Schaf ass fir eng gutt Rekolt dat Joer ze kréien. Bei eis ginn d'Kanner op Liichtmëssdag liichten. Den Alain Atten steet prett fir mat sengem Liichtebengel vun Haus zu Haus ze zéien.

28/01/2022 De Sproochmates Alain Atten - Liichtmessdag