
Bei RTL zanter:
scho méi wéi en halleft Liewen
Radio ass fir mech:
ëmmer nach Passioun
Meng léifste Plaz zu Lëtzebuerg:
op Schéimerech (Kielen)
Immens reize géing mech en Interview mam:
Barack Obama, Ellen de Generes, Eric Clapton, Günther Jauch,
George Clooney, Brigitte Macron ... et ginn der sou vill !
E Lidd, dat ech ëmmer lauschtere kéint:
Queen - Bohemian Rhapsody, Leonard Cohen - Hallelujah, BAP - Kristallnach,
Prince - Purple Rain, Jacques Brel - Amsterdam ... et ginn der sou vill !
E Film, deen ech ëmmer kucke kéint:
When Harry met Sally, Four weddings and a funeral , Thelma and Louise ...
et ginn ... Dir wësst schonn!
Am léifsten hunn ech:
Zäit
Mech reegt et op, wann:
ech nees net genuch Zäit hunn …
Wann ech eppes ze soen hätt:
wier et verbueden direkt iwwer eppes ze meckeren,
ier een sech emol mam Thema befaasst huet
Mäi Motto:
Autoritéit hunn heescht net autoritär sinn!