
Bei RTL zanter:
2000
Radio ass fir mech:
E Stéck Lëtzebuerg, dat eis informéiert an ënnerhält
a wou ech mäin Hobby zum Beruff konnt maachen
Meng léifste Plaz zu Lëtzebuerg:
doheem op menger Terrass
Immens reize géing mech en Interview mam:
Pep Guardiola
E Lidd, dat ech ëmmer lauschtere kéint:
C'est la vie vum Khaled
E Film, deen ech ëmmer kucke kéint:
Le Dîner de cons
Am léifsten hunn ech:
Éierlechkeet a Rou
Mech reegt et op, wann:
ee kléngkaréiert, intolerant, onéierlech, respektlos, onorganiséiert, egoistesch ass
Wann ech eppes ze soen hätt:
da géif ech déi krankhaft Profitmaximéierung, déi zu Laaschte vun de Leit déi schaffen an der Qualitéit vun de Produiten geet, reguléieren an all déi Leit déi gäre Krich maachen op eng verloossen Insel schécken, wou si sech dann d'Käpp kéinten aschloen
Mäi Motto:
Hakuna Matata, well et geschitt souwisou wat ze geschéien huet