
Bei RTL zanter:
Freelance vu Januar 1995 un. Fest agestallt zanter November 2007
Radio ass fir mech:
e Kandheetsdram
Meng léifste Plaz zu Lëtzebuerg:
de Velodrome wann e bis gebaut ass
Immens reize géing mech en Interview mam:
mam IOC President Thomas Bach iwwer Doping an d'Finanzpolitik vum IOC
E Lidd, dat ech ëmmer lauschtere kéint:
Brothers in Arms vun Dire Straits
E Film, deen ech ëmmer kucke kéint:
Der Graf von Monte Christo. Dee weist, dass all Ligen iergendwann opfléien
Am léifsten hunn ech:
gudde Wäin a gutt Iessen
Mech reegt et op, wann:
wann ee sech net drun erënnere kann wat een iergendwann gesot huet
Wann ech eppes ze soen hätt:
géif de Sport eng méi wichteg Roll an der Schoul an och an der Gesellschaft kréien
Mäi Motto:
d'Liewen ass ze kuerz fir schlechte Wäin ze drénken