
Bei RTL zanter:
1986 (Villa Louvigny) mat Pausen
Radio ass fir mech:
meng Leidenschaft, déi d’Fantasie vun de Leit befligelt
Meng léifste Plaz zu Lëtzebuerg:
all déi flott Platze wou ech duerft Reportage maachen
Immens reize géing mech en Interview mam:
Madonna, awer ouni hier Implantat’en am Mond
E Lidd, dat ech ëmmer lauschtere kéint:
Daft Punk, Rock’n’Roll
E Film, deen ech ëmmer kucke kéint:
« Eternal Sunshine of the spotless Mind »
Am léifsten hunn ech:
Kniddele mat Speck, nom Rezept vu menger Mamm
Mech reegt et op, wann:
d’Leit mech ausnotzen, wann ech ze fein sinn
Wann ech eppes ze soen hätt:
géife mer esou zesumme liewen wéi d’Mënschen um Raumschëff Entreprise D, also dat éischt vum Kapitän Picard
Mäi Motto:
Alles wat's de der virstelle kanns, ass real. (Pablo Picasso)