De Compteur vum Télévie dréit zanter e Méindeg an der RTL City um Kierchbierg, awer e kënnt nach méi séier dréinen, an dat hutt dir am Grapp bei eisem groussen Spendenmarathon fir d'Kriibsfuerschung z'ënnerstëtzen. Mat engem Uruff op den 80 02 66 66.
No Rodange an Ëlwen ass et haut um Téléviezenter Gemeng Suessem fir sech vu senger schéinster Säit ze weisen. Haut ass hiren groussen Ofschlossdag a se ginn nach emol Alles fir de grousse Scheck an d'Héicht ze drécken, a se gräifen dobäi op eppes zréck wat engem bestëmmt geleeë kënnt, well wien wäscht schonn gären säin Auto selwer?

21/04/2021 Den Télévie Car Wash vu Suessem
RTL
RTL

Tel. 80 02 66 66

All Informatiounen op