Zejoert war näischt wie soss, dat gëllt och fir d'Finale vum Télévie 2020 an di sëllege Manifestatiounen di um Ufank vun der Pandemie sollten organiséiert ginn. Betraff dovu war och den Organisatiounscomité vun Iechternach déi deen Ament hier éischt Konschtstee wollten ofhalen. Déi huet een dunn awer kuerzfristeg missten ofsoen. A soulaang hunn dann 31 Tableauen a Skulpturen missen op d'Säit geluecht ginn éiert se elo dëse Mëttwoch um 19 Auer Owes am Trifolion endlech ënnert den Hummer kommen. D'Violetta Caldarelli war bis dohinner kucken.

19/04/2021 Télévie - Konschtstee am Trifolion zu Iechternach

Am Trifolion ass een erliichtert, well endlech kënne si se auspaken, d'Objeten fir hier Konschtstee am Kader vum Télévie – mat Tableauen a Skulpturen vun Artisten aus Iechternach an awer och der Ëmgéigend. Iwwer 30 Konschtwierker koume fir den gudden Zweck zesummen. 

Ënnert de Biller eng breetgefächert Panoplie vun abstrakte bis Landschaftsmotiver, vun etabléierte Kënschtler bis souguer de Bewunner vum Altersheem "Am Schleeschen" déi sech mat abruecht an 2 Biller eraginn hunn.

Déi lescht Preparativen lafen, fir dat e Mëttwoch dann endlech, 1 Joer méi spéit, den Télévie mat Konscht an domat d'Recherche ka finanziell ënnerstëtzt ginn.

Iwwer 600 Leit kennen hei normalerweis era mee fir d'Stee a Coronazäiten ass een op 100 Persoune limitéiert, mat Mask selbstverständlech.Aktuell sinn dann och nach Plaze fräi, also maacht Iech bäi!