Nodeems den Eric Nosbusch am Februar 2020 d'Diagnose „Leukemie“ krut, huet sech säi Liewen net nëmmen duerch d'Pandemie komplett geännert. No 3 Chemotherapien an enger Stammzellespend ass hien elo, ee Joer drop, nees op de Been an ka nees dat am Liewe maachen, wat him am meeschte Spaass mécht. Den 21 Joer jonke Mann ass nämlech an der Lëtzebuerger Clubszene keen onbekannte Gesiicht. D'Fabienne Zwally war hien an de Studio besichen.

21/04/2021 Télévie - Den DJ Nosi eruielt vu senger Leukemie

Den Dj Nosi ass nees zréck. Zesumme mam lëtzebuergesche Rapper Turnup Tun produzéieren si en neit Lidd fir de Summer.

Déi zwee kennen sech nach aus der Schoulzäit, ma eréischt wou si allen zwee ugefaangen hu mat Musek maachen, sinn si richteg gutt Kolleege ginn an hunn elo scho sëllege Lidder zesumme produzéiert. Dorënner och hiert neiste Lidd „Marrakesch“.

Dëse Song huet eng ganz speziell Bedeitung fir déi zwee. Bal ee Joer huet et gedauert bis d'Lidd nämlech komplett fäerdeg war. Marrakesch gouf opgeholl wärend där Zäit, wou den Eric d'Diagnose Kriibs krut an duerno huet misse wochelaang am Spidol leien. Ma d'Musek huet him awer dobäi gehollef.

Fir d'Zukunft hunn déi zwee sech musikalesch vill virgeholl a profitéieren elo nach vun där Zäit zesummen ier den Eric am September op Wien Geschicht studéiere geet.

Dee ganze Reportage gesitt Dir den Owend am Magazin op der Tëlee.

Nach bis e Freide schalt RTL dann och all Dag live an ee vun de fënnef Centres de Promesses zu Rodange, Ëlwen, Suessem, Iechternach a Stroossen. Lass geet et ëmmer moies fréi um 06:40 Auer um Radio an um Internet, wou all Dag en anere Centre de Promesses virgestallt gëtt. Owes am Magazin um 19:00 Auer mellt sech d'RTL-Ekipp och live aus deem jeeweilegen Zenter. Wärend der Télévie-Woch ginn op all den RTL-Medien eng ganz Rei Reportagen an Temoignagen diffuséiert. E Samschdeg ass dann dee groussen Ofschloss vum Spendemarathon.
D'Telefonslinne fir d'Spende sinn dann och nach déi ganz Woch vu moies 06:30 Auer bis owes 21:00 Auer op. Maacht och Dir en Don fir den Télévie um 8002 66 66.