D'Ganzt Joer iwwer hu privat Leit, Benevollen, Veräiner, Associatiounen a Firme sech fir den Télévie agesat, Donen gesammelt a sech domadder fir d'Lutte géint de Kriibs staark gemaach. Bedéngt duerch d'Pandemie goufen och dëst, wéi d'lescht Joer keng Evenementer organiséiert, an et sinn aner Weeër fonnt ginn, fir Solidaritéit a Matgefill mat Betraffener ze fannen. Esou och beim Carole a Chantal déi Häerzer fir den Télévie gebitzt hunn. De Philippe Dondelinger huet déi zwou engagéiert Damme besicht.

22/04/2021 Télévie - selwer gebitzten Häerzer fir de gudden Zweck

Mir sinn beim Carole Schartz doheem an der Stuff, déi den Ament als Bitz Atelier ëmgebaut gouf. D‘Iddi, déi hannert der Aktioun fir Suen ze sammelen stécht, si kleng gebitzten Häerzer.

Déi Häerzer si fort gaange wéi waarm Bréidercher an esou huet een ëmmer nees Stoff bestallt fir fläisseg weider ze bitzen, an dat vu Moies bis Owes.

Ëmmer nees fannen d’Clienten en anert Muster wat hinne gefält an esou gouf esouvill gebitzt, dass dem Chantal Sbarra seng Mamm schonn dovunner gedreemt huet.

Ouni de Benevolat wier den Télévie definitiv net ze realiséieren, sou hëlt d’Bitz Ekipp alles mat a Kaf, wat zum Erfolleg an zu engem schéinen Resultat bäidréit.

Bitzen fir de gudden Zweck , all Euro zielt géint d’Recherche géint de Kriibs.

 

 

Dee ganze Reportage gesitt Dir den Owend am Magazin op der Tëlee.

Nach bis e Freide schalt RTL dann och all Dag live an ee vun de fënnef Centres de Promesses zu Rodange, Ëlwen, Suessem, Iechternach a Stroossen. Lass geet et ëmmer moies fréi um 06:40 Auer um Radio an um Internet, wou all Dag en anere Centre de Promesses virgestallt gëtt. Owes am Magazin um 19:00 Auer mellt sech d'RTL-Ekipp och live aus deem jeeweilegen Zenter. Wärend der Télévie-Woch ginn op all den RTL-Medien eng ganz Rei Reportagen an Temoignagen diffuséiert. E Samschdeg ass dann dee groussen Ofschloss vum Spendemarathon.
D'Telefonslinne fir d'Spende sinn dann och nach déi ganz Woch vu moies 06:30 Auer bis owes 21:00 Auer op. Maacht och Dir en Don fir den Télévie um 8002 66 66.