"Säi Kand ze verléieren, do gëtt eng keng Gerechtegkeet. Dee Wéi deen ee spiert ass onbeschreiflech.” Dat sinn d’Wieder vum klenge Luna sengem Papp. D’Meedchen ass mat nëmmen annerhallwem Joer gestuerwen. Un enger Tumeur am Gehier. An dat nëmmen een Dag nodeems d’Diagnose gestallt gouf. D’Famill Funk-Barthel huet dat Schlëmmst duerchgemaach wat eng Famille duerch maache kann. An nawell haten si d’Kraaft an de Courage eis ze erzielen wéi si hiert klengt Luna hu misse goe loossen. D'Rosa Clemente war si besichen.

23/04/2021 Télévie - "Loosst eise klengen Engelchen eng leschte Kéier ronderëm d'Welt reesen..."

„Loosst eise klengen Engelchen eng leschte Kéier ronderëm d’Welt reesen…”
Mat dëse Wierder huet d’Sandra Barthel zejoert d‘Lëtzebuerger beréiert. Iwwer Facebook huet si nämlech hirer klenger Duechter Luna Äddi gesot.
8 Méint drop sëtzt d’ Trauer bei der Famill nach déif.  

D’Luna war 17 Méint al. An der Nuecht op den 20. August, zejoert, war hat net ewéi soss. Hat huet sech am Bett iwwerginn a war schléifereg - wéi d’ Mamm beschreift. Moies sinn d’Elteren direkt mat him bei d Kannerdoktesch gefuer a vun do aus goung et dunn an d‘Klinik.
Um IRM hunn d Dokteren gesinn, datt d'Luna e groussen Tumor am Kapp hat, deen op d'Gehier gedréckt huet. Dat klengt Meedchen misst noutoperéiert ginn.

D’Probabilitéit, datt d'Luna erëm erwächt, war kleng. Datt hat jeemools erëm eleng ootmen, iessen oder goen kann, gläich null. Bannen nëmmen e puer Stonne ass der Famill Barthel-Funk hir Welt einfach esou zesummegebrach. Schwéieren Häerzens hunn d’Elteren dunn hiren Accord ginn, fir d’Maschinnen ofzeschalten.

Sief et duerch al Fotoen, Visitten um Kierfecht oder och d'Zréckdenken u schéin Momenter, déi jonk Famill versicht, sou gutt et geet, hier Trauer ze verschaffen.

Dee ganze Reportage gesitt Dir muer den Owend op der Tëlee.

Muer ass dann dee groussen Ofschloss vum Spendemarathon. D'Telefonslinne fir d'Spende sinn dann och nach haut bis owes 21:00 Auer op. Maacht och Dir en Don fir den Télévie um 8002 66 66.