Zu Diddeleng bei der Gemeng ass ee vun eisen dräi Téléviezenteren. Do gëtt et aktuell u villen Stänn Ënnerhalung gebueden, an et gëtt Iessen an och allerlee Klengegkeeten ze kafen. Et ass awer och dat ganzt Joer iwwer, wou schonn all déi Benevollen ennerwee fir den Télévie sinn a Suen sammelen. An dat ginn déck Checken, an déi ginn elo vun eisen Reporter dem Bob Konsbruck an dem Lea Schwartz agesammelt. Wéi gesäit et aus? Wéi mir déi leschte Kéier no iech gekuckt hunn, stoung den Compteur op ronn 55 000 Euro?

07/05/2022 Télévie-Zenter zu Diddeleng (14h15)