Gëschter Owend konnt een op der Telé e Reportage iwwer dat klengt Milena Reimen gesinn, bei deem virun 4 Joer Lymphdrüsekriibs festgestallt gouf. Eng Welt ass zesummegebrach, awer net just fir hatt mä och fir seng Elteren a Geschwëster. Dat klengt Meedchen huet sech derduerch geboxt, an et huet sech rentéiert. An dat ass de Message dee mer dës Woch wëlle weiderginn.
A mir alleguerten kënnen eppes maachen, uruffen um 80 02 66 66 an en Don verspriechen. E klengen oder méi e groussen, ganz wéi der wëllt. Eisen Callcenter ass schonn waakreg. An dat sinn se och schonn an eisem nërdlechsten Zenter, zu Mäerzeg.

04/05/2022 20 Joer Télévie: Mäerzeg leeft sech waarm fir e Samschdeg
RTL
RTL
RTL