80 02 66 66 ass eng Nummer déi ee kennt, a weess wat se bedeit. Vill Hoffnung fir all Kriibspatienten. Do kënnt der Suen spenden déi an d'Fuerschung ginn. An genee elo wier e gudden Ament fir unzeruffen. Eisen Téléviecallzenter ass besat.
20 Joer feiert den Télévie zu Lëtzebuerg, an no 2012 ass et fir Mäerzeg déi zweete Kéier dass si e Centre de Promesse stellen. Vill hu se schonn déi leschten Wochen organiséiert. Cabaret, en Charitydinner, e klassesche Benefizconcert an Mäerzeg hat souguer säin eegene Spinning wou se fläisseg an d'Pedallen gedréckt hunn, a fir e Samschdeg wëlle se d'Leit aus der Géigend nach emol iwwerraschen.

04/05/2022 20 Joer Télévie: Mäerzeg freet sech e Samschden op Iech
RTL