Et erschreckt een een ëmmer eng Grëtz méi, wa ganz kleng Kanner schwéier krank ginn. Esou och de klenge Leo. Mat grad emol 2 an en halleft Joer krut en d'Diagnose Leukemie. Elo mat 3 Joer ass en an der Remissioun, heescht, en ass um gudde Wee, mee nach net ganz geheelt. De Jeff Rossler mat den Detailer.

07/05/2022 Télévie Dag 9h20

Vill Krankheete weisen sech net direkt a wierken nawell onscheinbar. Esou war dat de leschten Hierscht och beim klenge Leo, wou seng Elteren déi éischt Symptomer fir eppes aneres gehalen hunn, esou seng Mamm Laetitia La Vecchia.

Laetitia La Vecchia: Et ass eben ugaangen, dass de Leo e Knupp iwwert dem A hat, déi am Ufank ganz kleng war, wou mir am Ufank och gemengt hunn, en hätt sech einfach getuckt a wéi gedoen. Ab dem Dag wou mir se awer richteg gesinn hunn, ass se einfach net fort gaangen an ëmmer méi déck ginn. Do ass d'Course ugaange fir bei den Dokter ze goen. Et gouf analyséiert wat et ass a schlussendlech ass d'Decisioun komm fir ze operéieren.

An dunn hunn d'Doktere gesinn: Et kritt een net alles fort, well och en Tumeur dran ass. Och wann een dann héiert dass d'Heelungschance gutt sinn, ass dës Diagnos e Schock. Dorunner ännert och näischt, wann een héiert, dass Leukemie statistesch net onwarscheinlech ass.

Laetitia La Vecchia: Natierlech freet ee sech, firwat et grad dat eegent Kand ass. Da kënnt een awer an d'Spidol an da kritt ee gesot, et wier eng vun den heefegste Forme vu Kriibs, bei Kanner tëscht 2 a 5 Joer, dass et ganz heefeg Jonge sinn. Et gëtt ee mat Statistike konfrontéiert. Ech hu mir versicht ze denken, dass de Leo einfach eng schrecklech Statistik ass.

Grad an esou Fäll ass et wichteg, gutt mat sengem Kand kommunizéieren ze kënnen. Sou eng Diagnos huet e groussen Impakt op e Kand, do entwéckelt et sech natierlech nach eng Kéier anescht.

Laetitia La Vecchia: De Leo huet vläicht just 3 Joer kritt, mee mat deem wat en erlieft huet, huet en am Kapp scho 4-5 Joer. Dat do deet Kanner grouss dinn. En huet Saache gesinn, déi kee Kand sollt gesinn. En huet Saache matgemaach, déi kee Kand sollt matmaachen. Dofir war et wichteg, seng Gefiller iergendwéi auszedrécken, och ebe mat den Ängschten, déi mat dësen Traitementer verbonne sinn.