20 Joer Télévie bedeit och 20 Joer Fuerschung an ëmmer besser Resultater am Kampf géint de Kriibs. Bei esou engem Jubiläum kann een dann och emol drop zeréck kucken, wou alles ugefaangen huet a wéi sech dat ganzt entwéckelt huet. De Jeff Rossler mam Réckbléck.

07/05/2022 Télévie Dag 6h45

2002 waren nach aner Zäiten. Et gouf manner Leit, manner Ressourcen an eise Wëssensstand iwwert de Kriibs war bei wäitem net op dem Niveau, wéi en hautdesdaags ass. Esou war och den éischte Projet, deen duerch den Télévie matfinanzéiert gouf och nach manner effektiv wéi dat wat mir hautdesdaags kennen. Mee alles baut quasi openeen op an erméiglecht nei Saache fir d'Zukunft, esou erënnert sech den Dr. Marc Diederich.

Dr. Marc Diederich: Den alleréichte Projet war eigentlech een mat der bekannter Natursubstanz Kurkumin, d'Substanz aus dem Curry asw. Déi war deemools extrem an der Moud, an huet als entzündungshemmend an Anti-Kriibs-Substanz gegollt. Dat war eigentlech den éischte Projet, dee mir agereecht hunn. Dat huet eis deen Ament och gehollef progressiv méi ambitiéis Projeten ze maachen, mat Kriibsmedikamenter, déi effektiv méi wierksam sinn.

Elo gouf iwwer d'Joren net dat eent Wonnermëttel géint de Kriibs fonnt, mee dat huet och seng Grënn. Kriibs ass nämlech däitlech méi komplex, wéi een heiansdo menge géif, esou Dr. Simone Niclou.

Dr. Simone Niclou: Fir d'éischt emol muss ee soen, dass et net eng Diagnos ass. Kriibs, dat sinn Honnerte verschidden Diagnosen, dat hänkt wierklech dovunner of, wéi eng Zort Kriibs an a wéi engem Organ et ass. Da virun allem geet et och drëms a wéi engem Stadium en entdeckt gëtt. Wann e fréi entdeckt gëtt, ass et bei ganz ville Kriibsaarten hautdesdaags méiglech fir en ze heelen.

Natierlech ass d'Heelung d'Haaptprioritéit, mee et ginn och aner Ziler, déi duerch d'Fuerschung erreecht solle ginn. Den Dr. Guy Berchem erzielt z.B. vun enger Methode, déi iwwer d'Jore verbessert gouf, déi de Kriibs zwar net fort kritt, mee, d'Konditioune vun de Patienten verbessert.

Dr. Guy Berchem: D'Immuntherapie kann engem grousse Prozentsaz vu Leit hëllefen. Et ginn zwar net vill Heelunge mee immens vill Verlängerungen. Virun allem sinn et Verlängerungen a gudde Konditiounen, ouni vill Toxicitéit, wéi dat nach mat de klassesche Chemotherapie néideg war.