An de Spideeler uechter d'Land sinn dës Woch déi éischt Liwwerung vu Corona-Impfung ukomm, mat deenen d'Personal ka geimpft ginn. Am Spidol um Kierchbierg ginn zanter de Moien 9 Auer Mataarbechter geimpft, bis zu 96 Persoune kënnen den Dag drukommen. 120'000 Euro goufen investéiert, fir déi néideg Infrastrukturen opzebauen. D'Fanny Kinsch war sech ukucken, wéi d'Impfstatioun organiséiert ass.

12/01/2021 BAND Impfcampagne HRS 18h20 -kinsch-

 Den Impfstoff, mat deem den Ament geschafft gëtt, ass dee vu Biontech/Pfizer, dee ganz staark muss gekillt ginn. Am Spidol um Kierchbierg stinn 2 grouss Frigoen, an deenen de Vaccin bei -80 Grad stockéiert gëtt, bis en an den Asaz kënnt. D'Anne Otto, Responsabel vun der Apdikt erkläert, wéi d'Impfung preparéiert gëtt.
"Mir huelen de Vaccin aus dem -80 Congelateur den Dag virdrun eraus a mir setzen en an de Frigo, fir dass en decongeléiert. Dann den Dag drop huele mer en aus dem Frigo eraus, da muss en 30 Minutte bei Zëmmertemperatur stoen, iert en iwwerhaapt ka verdënnt ginn. Wann en dann déi 30 Minutte bei Zëmmertemperatur war da gëtt e lues 10 mol ëmgedréint, da gëtt e verdënnt an dann zéie mer d'Syringe mam korrekte Volume op."
Aus deene Flaconen, déi ee bis elo opgemaach huet, hätt een effektiv och souguer eng 6. Dosis erauskritt - déi europäesch Medikamentenagence EMA hat d'lescht Woch gréng Luucht dofir ginn.
D'Rendezvouse fir sech impfen ze loosse mussen d'Mataarbechter Online buchen, seet de Michel Schütz, administrativen Direkter vun de Robert-Schuman-Spideeler.
"10 vun 12 Deeg si mer elo schonn ausgebucht. Dat heescht a manner wéi enger Woch hu mer déi éischt 10 Deeg voll gemaach, mir komme lo op eng 1'000 Leit, déi sech schonn ageschriwwen hunn a manner wéi enger Woch."
Op der Plaz gëtt dann deen 2. Rendezvous ausgemaach fir de Rappell vun der Impfung an en Dokter mécht en Check, ob een ouni Bedenke ka geimpft ginn, iert een da gepickt gëtt. D’Impfen u sech wier keng aussergewéinlech Prozedur, sou d'Infirmière Cécile Winant.
"On a suivi les recommandations de Pfizer et les recommandations internationales concernant le médicament à injecter et il y a pas de précautions particulières. C'est une intramusculaire dans le bras."
No der Impfung muss een dann nach eng Véierelsstonn raschten, fir sécher ze goen, dass et engem net schlecht gëtt. Dës Infirmière aus der Poliklinik huet sech no der Impfung op alle Fall gutt gespuert.
"Et ass wéi eng normal Impfung, et spiert een d'Nol, déi ebe erakënnt an de Produit spiert ee guer net, et huet net gebrannt."
D'Decisioun, sech impfen ze loossen, wier hir ganz liicht gefall. Am Allgemengen ass een an de Robert-Schuman-Spideeler zefridde mat der Impfbereetschaft vun de Mataarbechter, seet de Generaldirekter Dokter Claude Schummer.
"Mir haten e Sondage gemaach, an deem mer gefrot hunn "Wëll Dir Iech direkt impfe loossen?" an do hu 54% geäntwert "Jo, ech wëll mech direkt impfe loossen." Mir hunn och gefrot "Wie wëll sech net impfe loossen?", dat ware just 14%. An dotëscht sinn nach Leit, déi nach Froen haten an do hu mer och Webinairen organiséiert, fir dass se op déi Froe kënne geäntwert kréien, dat ass den Dokter Schockmel, deen dat mécht."
No der Sensibiliséierungscampagne wier d'Impfbereetschaft och nach ee mol ëm 10 Prozent an d'Luucht gaangen. An den Hopitaux Robert Schuman wëll ee bis Enn Mäerz dat ganzt Personal geimpft hunn, dat sinn eng 3'700 Persounen.