Schützt de Corona-Vaccin een och géint Mutatiounen vum Virus? Wien ass responsabel am Fall vun Niewewierkungen? A soll een sech impfe loossen wann een de Virus schonn hat? Dës an aner Froen goufen och de Mëtteg am Kader vum sougenannten "Midi du consommateur européeën" gestallt, bei deem sech alles ëm de Corona-Vaccin gedréint huet. Op villes gouf et Äntwerten, wann och net op alles, Claudia Kollwelter

13/01/2020 Band Update on Vaccins 18h20 -kollwelter

Wat d'Impfstrategie zu Lëtzebuerg ugeet huet den Direkter vun der Santé Jean-Claude Schmit op en neits drop opmierksam gemaach datt offiziell nach net decidéiert ass wien wéini un d'Rei kënnt. Nieft dem Impfzenter um Lampertsbierg gëtt deen zu Esch aktuell preparéiert an et soll nach een an den Norden kommen. Mee donieft wieren nach zwee zousätzlecher am Gespréich:

Een no un der Stad mee a Richtung Osten vum Land, a warscheinlech och nach ee am Süd-Osten vum Land.

Den Dr. Jean-Claude Schmit huet och confirméiert, datt haut am Nomëtteg déi speziell Nolen ukomm sinn fir 6 amplaz vu 5 Dosen aus dem Biontech/Pfizer Impfstoff ze zéien:

Dat erlaabt et eis e Plus vun 20% vun Impfungen ze maachen.

Eng Fro déi vill Leit sech stellen ass déi wien responsabel ass am Fall wou Niewewierkungen duerch e Corona-Vaccin optrieden. Déi Fro géif sech awer net elo réischt stellen seet den Direkter vun der Santé, mee och scho bei aneren Impfstoffer:

Et ass kloer datt wann e Produzent e Feeler mécht bei der Produktioun vu sengem Vaccin oder dem Stockage dovu mécht, datt de Produzent responsabel ass. Et ass wéi wann der en Auto kaaft deen en Defaut huet, muss de Produzent den Auto ersetzen. Eng aner Situatioun déi een sech virstelle kann ass dat den Dokter zum Beispill eng schwanger Fra impft, obschonn gesot gëtt si sollen net geimpft ginn. Dann ass den Dokter responsabel.

Et géifen awer och Fäll ginn wou all Mënsch d'Prozeduren an d'Reegelen respektéiert an awer Niewewierkungen optauchen. Den Dr. Schmit betount datt et zu Lëtzebuerg zanter 2001 e Gesetz gëtt datt dem Staat erlaabt Leit an sou Fäll ze entschiedegen, wann de Vaccin vum Staat recommandéiert gouf. Den Direkter vun der Santé wëll d'Leit awer rassuréieren:

Ech mengen de Moment sinn iwwer 20 Milliounen Dosen vum Vaccin international benotzt ginn an et goufen keng gréisser nogewisen Niewewierkungen. Op de sozialen Netzwierker gëtt vun Doudegen duerch d'Impfung geschwat, mee et muss ee kloer soen datt dat Fake News sinn an net der Realitéit entsprécht. Et ass e Vaccin deen eng grouss Sécherheet opweist.

Op d'Fro wéi laang een duerch de Vaccin immun ass géifen et bis ewell keng exakt Informatiounen ginn huet den Jean-Claude Schmit betount. Wat Leit ugeet déi de Virus schonn haten géif et iwwerdeems keng Konter-Indikatioun ginn sech impfen ze loossen:

De Faite datt een no enger Infektioun Antikierper huet seet näischt driwwer wéi vill ee geschützt ass, well och eng cellulaire immunitéit eng Roll spillen. Generell soen mer dofir datt och déi Leit sollen geimpft ginn. Just net bei enger Persoun déi de Moment selwer eng Infektioun mam Virus huet.

Den Direkter vun der Santé huet nach präziséiert datt et de Moment dono ausgesäit wéi wann déi aktuell Vaccinen och géint déi brittesch Mutatioun vum Virus schütze géifen.