
An Lëtzebuerg och zB op enger schwaarzer Lëscht vun der ONG-Oxfam steet, sou wéi och Malta, Zypern - an och den Tax Justice Network de Grand-Duché regelméisseg nennt, wann et ëm d'Steierflucht geet.
Via eng Resolutioun fuedert d'EU-Parlament, datt et soll eng eenzeg schwaarz-Lëscht vu Steierparadaiser ginn, mat eenheetlechen an transparanten critèren - eng Lëscht, déi aktuell nëmmen 12 Länner zielt, déi all baussent der EU laien a nëmmen fier 2% vum JOres-Ausfall un Steier-Recetten responsabel sinn...op eng nei Lëscht sollen och EU-Memberstaaten drop kommen - fir d'gréng EU-Deputéiert Tilly Metz, déi nieft dem Marc Angel d'Resolutioun matgedroen huet, misst Ee sech kënnen an de Spiggel kucken..
CUT
Déi selwecht Kritèren fier d'schwaarz Steier-Oasen-Lëscht also och fier Drëttstaaten an EU-Memberen - dat wëll d'Resolutioun - net eisem Land schueden, seet d'Tilly Metz..
CUT
sech beim Vote iwwert d'Resolutioun enthalen, huet sech den CSV-EU-Deputéierten Christophe Hansen...senger Meenung no geet d'Resolutioun ze wäit, a wann LUX op eng schwaarz Lëscht kënnt wier dëst natl e massiven Image-Verloscht...
CUT
aus dësen Grënn also d'Abstentioun zur Resolutioun vun den EVP-Deputéierten Hansen an Wiseler grad wéi och de liberalen Députéierten Goerens an Semedo, déi trotz Suspensioun awer stëmmberechtegt ass.
d'EU-Resolutioun vum EP iwwert d'Lëscht vun de Steieroasen ass och op rtl.lu no ze liesen.